top of page

Plainte géint den Aen-Dokter

Den 1.4.2022 hat ech um 12h10 ee Rendez-vous bei deem Aen-Dokter um Lampertsbierg, bei deen ech jorelaang gaang sinn.

De Rendez-vous war Méinten am Viraus ofgemaach ginn.

Wou ech den 1.4. um 12h05 an de Cabinet vum Aen-Dokter komm sinn, huet mech en Employé direkt dorop higewisen, dass bei hinnen nach ëmmer Maske-Flicht wier. Ech hunn hinnen dunn direkt mäin Attest gewisen, an deem steet, dass ech aus gesondheetleche Grënn keng Mond & Nuese Bedeckung droe kann.

Den Employé huet dunn mat engem Aarbechtskolleeg gekuckt, wat si do maache kënnen. Wou dunn awer den Dokter selwer aus sengem Behandlungszëmmer koum, huet hien ganz energesch kloer gestallt, dass hien kee Mënsch ouni Mask bei sech era géif loossen.

Ech hunn dunn gefrot fir dem Dokter seng Aussoe schrëftlech ze kréien, wat hien awer refuséiert huet. Ech hunn awer ee Standard-Schreiwes kritt, dass ech zum festgeluechten Zäitpunkt am Cabinet presentéiert hunn.

Vu dass een iergendwann denke muss "Genuch ass genuch", hunn ech den Dag dono per Email eng Plainte un de Parquet Général geschéckt:

2022-04-26_16-10-08.png

Als Äntwert krut ech folgendes:

2022-04-26_16-15-00.png

Elo warde mir dann emol wat d'Konsequenze vu menger Plainte wäerte sinn.

All Zänndokter huet keng aner Méiglechkeet, ewéi seng Patienten ouni Mask ze behandelen. Wéi vill Zänndoktere sinn zenter Ufank 2020 u Covid gestuewen?

bottom of page